Allgemeng Geschäftsbedingungen

Dir hutt mat Hëllef vun eisem Internetportal d'Méiglechkeet, déi do opgelëschten Artikelen iwwer Internet oder iwwer Telefon ze bestellen. Souwäit Dir déi während der Bestellung verlaangten Informatiounen uginn hutt an d'Bestellung fortschéckt, gitt Dir eis géigeniwwer eng verbindlech Offer of, souwuel d'Bestellung iwwer Telefon, wéi och déi iwwer Internet hunn heibäi rechtlech déi selwecht Wierksamkeet. Mat der Bestellung erkläert Dir verbindlech, dës AGB ze akzeptéieren an déi bestallten Artikelen kafen ze wëllen. Den Agang vun Ärer Bestellung wäerte mir duerch eng Noriicht bestätegen, déi allerdéngs keen Unhuelen vun der Bestellung duerstellt. De Kontrakt gëtt mam Erhalen vun den Artikelen an duerch Äert Akzeptéiere wierksam, spéitstens allerdéngs nom Oflaf vun Ärem 30-deeglechen Retour-Delai.

Ab 2 selwechten Pneuen / Felgen liwweren mir gratis, bei engem Eenzelstéck berechne mir 5,50€ (Camionspneuen 20€) Transport Käschten; nëmmen Motospneuen ginn ëmmer gratis geliwwert. D'Konditiounen fir ze bezuelen kläert Dir w.e.g. per Mail mat eis of. Fir Liwwerungen an d'Ausland behale mir eis vir, d'Auswiel vun de Méiglechkeeten fir ze bezuelen eventuell anzeschränken.

Duerch den Ofschloss vun engem Vertrag mat Rotyre, bezüglech dem Akaf vu Wueren, Pneuen oder anerem Accessoire, akzeptéiert de Client d'Tatsaach, datt Rotyre:
- De Versand vun de Wueren duerch eng extern Transportfirma an Optrag gëtt a Rotyre domat vun all Haftung fir direkt oder indirekt Schied, déi domat verbonnen kenne sinn, fräi geschwat gëtt.
- All Verantwortung ofleent, déi sech aus Noléissegkeet an onéierlechen Handlungen vum Client oder der Transportfirma ergëtt, an net a Streidereien tëschent dësen Parteien verwéckelt gi kann.
- Net fir de Verloscht, Schued oder Verspéidungen, déi sech aus der Ausféierung vum liwweren / ofstellen vun de Wueren erginn, haftbar gemaach ka ginn, vu wéi enger Aart des och sollen sinn.

Mir wëllen, datt Dir mat all eisen Liwwerungen zefridden sidd. Dowéinst kennt Dir all Artikel, deen dir bei eis kaaft hutt, innerhalb vun 14 Deeg zeréck ginn, virausgesat, dës sinn nach net bei iech montéiert oder souguer vun iech oder ärem Client gefuer ginn, oder weisen soss Gebrauchsspuren op. Des Zouso geet iwwer déi gesetzlech Bedingungen eraus, wouno Iech e Widderruff-Rescht nëmmen ënnerhalb vun zwou Wochen nom Erhalen vum Artikel zougesprach gëtt.
De Widderruff ass ze riichten per:

Als Deel vun Ärer Annulatioun froe mir Iech fräiwëlleg eis de Grond fir de Retour ze soen a mir sammelen all déi néideg Informatioune fir eng fristgerecht an effizient Veraarbechtung ze garantéieren. Fir all Onbequemlechkeet ze vermeiden, déi vum Retour verursaacht gëtt, sammelen mir d'Elementer vun Iech a rembourséieren Iech gutt wann néideg nodeems Dir d'Wuer kritt. Et ass also net néideg en un eisen administrativen Sëtz zu Esch-sur-Alzette ze schécken (Adressinformatioun ass vum Gesetz verlaangt). Eis Annulatiounsoffer enthält awer keng Transportkäschten. Wann Dir gewielt hutt d'Saachen un eis zréckzeginn ouni Schold vu Rotyre, wäerte mir Iech 10% vum Gesamtbetrag an 25 € pro Package bezuelen. Benotzt w.e.g. eis Verpakung fir den Transport a schützt d'Elementer vu Schued. D'Pneuen musse richteg fir den Transport virbereet ginn an a Puer gepackt ginn (ausser natierlech d'Pneuen déi individuell geliwwert goufen). Besonnesch mat de Felgen, vergewëssert Iech béid Säiten mat genuch Wrappabeier ze schützen. Mir behaalen ons d'Recht fir Entschiedegung vun Iech ze froen fir Schued, deen duerch falsch Notzung oder defekter Verpakung verursaacht gëtt wann Dir d'Wuer zréckschéckt. Shipping Firmen akzeptéieren nëmmen Elementer mat adäquate Verpakung. Wann Dir e Package refuséiert, berechnen mir Iech 10% vum Gesamtbetrag an 25 € pro Package. Wueren, déi op Paletten verschéckt ginn (z.B. Camion-Pneuen, grouss Offroad-Pneuen, etc.) kënnen net zréckginn.

Am Fall vun engem wierksamen Widderruff sinn déi op béiden Säiten empfaangen Leeschtungen zeréck ze ginn an evtl. erhalen Notzungen (z. B. Zënsen) eraus ze ginn. Kennt Dir eis déi empfaangen Leeschtungen ganz oder deelweis net oder nëmmen a verschlechtertem Zoustand zeréck ginn, musst Dir eis souwäit evtl. Wäert-Ersatz leeschten. Ausserdeem kennt Dir d'Flicht fir den Wäert-Ersatz, fir eng duerch e Bestëmmungs-gerechte Gebrauch vun der Saach entstane Verschlechterung, vermeiden, andeem Dir d'Saach net wéi Ären Besetz a Gebrauch huelt an alles ënnerloosst, wat hiren Wäert beanträchtegt. Nëmmen Transport fäeg Saache ginn bei Iech ofgeholl.

Mir behalen eis den Eegentum un sämtlechen, vun eis geliwwerten Artikelen, vir bis all eis Fuerderungen géint Iech oder géint deejéinegen, deen d'Artikelen ugeholl huet, erfëllt sinn. Dëst gëllt och fir zukünfteg entstane Fuerderungen. Fir d'Aléisen vun eisem Eegentum-Virbehalt si mir berechtegt, d'direkt Erausginn vun den Artikelen, ënnert Ausschloss vu allem Rescht d'Artikelen zeréck ze behalen, ze verlaangen, et sief dann, et handelt sech em rechtskräfteg festgestallten oder onbestridden Géigenuspréch.

D'Internetsäit gëtt an der vun eis fir gutt empfonnten Gestaltung ugebueden. Mir garantéieren net, dass d'Internetportal Ären Ufuerderungen entsprécht an zu jidder Zäit ouni Ënnerbriechung, zäitgerecht, secher a feelerfräi zur Verfügung steet. D'Benotzung vum Internetportal geschitt op Ären eegenen Risiko; ganz besonnesch iwwerhuelen mir keng Verantwortung fir d'Resultater, déi duerch d'Benotzung vum Internetportal erziilt konnten ginn a fir d'Richtegkeet vun den Informatiounen déi Dir um Internetportal erhalen hutt.

D'Texter, Biller, Museken, Grafiken, Animatiounen a Videoen souwéi hier Unuerdnung op eiser Internet Säit ënnerleien dem Schutz vum Gesetz iwwer de Copyright an aner Dateschutzgesetzer. Ouni eist Averständnis däerf den Inhalt vun dëser Internet Säit net kopéiert, verbreet, verännert oder Drëtten zougänglech gemaacht ginn. Eis Internet Säit enthält ausserdeem Biller, déi dem Copyright vun Drëtten ënnerleien. Souwäit et net anescht uginn ass, sinn all Markenzeechen op eiser Internet Säit Marke-reschtlech geschützt.

Bei der Registréierung musst Dir eis Informatiounen zu Ärer Adress a Persoun maachen, déi mir fir Iech an eisem System späicheren. Selbstverständlech kennt Dir dës Donnéeën bei der Bestellung oder och nach spéider per E-Mail un info@rotyre.lu änneren loossen. No der Registréierung erhaalt Dir e Login an e Passwuert fir Ären Kont. Dir musst sécherstellen, dass de Login an d'Passwuert kengem Drëtten zougänglech gemaach ginn. Dir sidd dozou verflicht, Rotyre direkt iwwer all mëssbrauchte Benotzung vun Ärem Login oder Passwuert ze informéieren. Béid Geschäftspartner kennen Ären Kont zu jidder Zäit an ouni Uginn vu Grënn kënnegen. An dësem Fall wäert Rotyre Ären Kont an all gespäichert Donnéeën ofmellen oder läschen.LU

Et gëllt nëmmen d'Rescht vu Lëtzebuerg.

  1. Nom Unhuelen vun der Wuer besteet keen Usproch méi op Transport Schued
  2. Schonn montéiert Felgen sinn vun all Retour ausgeschloss
  3. Defekt oder knaschteg Verpackungen sinn vum Retour ausgeschloss
  4. Duerch Eegen-Verschëlden beschiedegt Felgen sinn vum Retour ausgeschloss
  5. Duerch e Verschëlden vun eis (Konfigurator) kann eng Garantie nëmmen dann gestallt ginn, wann d'Punkten 1-4 berécksiichtegt ginn, am aneren Fall ginn dem Client d'Felgen zeréck geschéckt an d'Transportkäschten berechent.

Rotyre s.à r.l. ass responsabel fir d'Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeën, déi iwwer dësen Registréierungs-Formulaire iwwermëttelt ginn. D'Donnéeë vum Client ginn am System gespäichert, fir d'Registréierung erfollegräich ofschléissen ze kënnen. Nëmmen déi noutwendeg Informatiounen ginn un Drëtt Persoune (wéi Zouliwwerer, Transportfirma) weidergereecht, fir eng erfollegräich Liwwerung vun de bestallte Wueren ze garantéieren. Eng betraffe Persoun kann zu all Zäit vun hirem Recht op Privatsphär Gebrauch maachen (kuckt op http://www.cnpd.lu) an déi perséinlech Donnéeën bei Rotyre s.à r.l. mat engem Mail op info@rotyre.lu änneren oder läschen loossen.

  • Cookien sinn alphanumeresch Identifizéierung-Zeechen, déi mir mat Ärem Internet Browser op d'Festplack vun Ärem PC iwwermëttelen. Si erméiglechen eisen Systemer, Ären Browser ze erkennen an Iech Servicer unzebidden.
  • D'Hëllef-Funktioun an der Menü-Leescht vun de meeschten Internet Browser erkläert Iech, wéi Dir Äre Browser dovun ofhaalt nei Cookien ze akzeptéieren, wéi Dir Äre Browser dorop hiweisen loosst, wann Dir e neien Cookie kritt oder och wéi Dir sämtlech erhale Cookien ausschalt. Allerdéngs kennt Dir nëmmen mat Cookien verschiddener vun eisen intressantsten Funktiounen vollstänneg notzen an erliewen, dowéinst rode mir Iech d'Cookie-Funktioun ageschalt ze loossen.
  • Mir empfeelen Iech ausserdeem, iech ëmmer nom Gebrauch vun engem PC, deen Dir mat aneren zesummen benotzt an deem säin Browser sou agestallt ass, dass den PC Cookien akzeptéiert, vollstänneg ofzemellen.
  • Déi vun eis agesaten Cookien hunn eng Späicher Zäit vun 365 Deeg.
© 2012 - by Rotyre s.à r.l. All Rights Reserved